
Den 18ten Oktober stoung dei eischt Wanterregatte um Programm. Dei ginn um Braassemermeer gefuer an ech fueren do och rem am J22 BigLift TUDelft Happy ieergendeppes. Mir hun d'Boot gewiesselt, fueren lo net mei um NED 1514 mee um NED 1365.
Dess Regatten ginn lo +/- eng keier den Mount gefuer emmer Sonndes, ausser eng keier am Dezember nach eng keier en ganzen Weekend fiir d'MidWinterChampionship.
Um 9 sinn mer fort zu Delft an no 20 min waren mar um Braassem an hunn d'Boot mol bis an d'Rei fiir den Kraan gezunn an waerend dem opgetakelt. Um 10 louch d'Boot dran hun mer nach eng Schmier giess an eis anescht ungedoen. Den eischten Start waar um 11.30 also haaten mer nach genuch Zait fiir eis waarm ze fueren, well mer sinn rem an enger neier Opstellung gefuer. D'SuuS huet just nach gesteiert, ech hun Grousseegel an Spitrim gemaach an den Doutse d'Genau an Nummer 1. (Daat ass bis elo daat waat am beschten funktioneiert huet)
Mir waren dei 4t Klass fiir ze starten an mir hun eis mol genau ungekuckt waat dei aaner gemaach hun.
Deen eischten Start waar net schlecht, mir hun nach en Boot iwwert d'Line gedreckt, an sinn em dei 8ten Plaatz ronderem d'Bouee an d'Spreader komm. Mir hun eis bis bei dei 3t Bouee do gehaalen, an wollten dun vun aaneren Booter fortempanneieren, waat mer och gemaach hun, mee waat net wierklech gudd waar, well mer an en Wandlach gefuer sinn an 5 Plaatzen verluer hun dei mer bis d'Arrivee och net mei zereck kruuten.
Dei 2t Manche haaten mer en exzellenten Start an sinn als 2t ronderem dei eischt Bouee gaangen, beim Gate sinn mer zu 2 lenks an 2 riets gaangen an rem uewen bei der Bouee haaten mer eng Plaatz verluer. Mettlerweil waar bessen mei Wand an konnt den Spi gepompelt ginn an sinn mer un deen 2ten erunkomm. Leider haaten mer vergiess ze kucken weivill Ronnen et wieren an daat waar och sou beim eischten! Waren net secher op Arrivee oder net an dofir hun mer den Spi bessen frei rof geholl soudass met op der Line nach eng Plaatz verluer hunn.... selwer Schold!!! Awer nach 4t vun 25. Duerno zereck bei den Kran, ooftackelen eppes buffen an heem!
Nexten Sonnden mol rem eng aanner Wanterregatte um Grevelingenmeer op engem First 36.7.
Den Weekend drop rem J22 an dann wees ech Datumer net :)
Wou mer eis awer drop fiirbereeden ass WM zu Scheveningen, also virun der Diir!
Ech muss just hoffen dass daat mat den Examen laanscht en een geet!
Mee daat liest der hei schon!
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire