Mett September huet en Kolleg ungeruff op ech net loscht haet sengen Elteren hiert Boot (en First 31.7 ) vun Makkum (an Friesland um Ijsselmier) op Wemeldingen (an Zeeland op der Oosterschelde) ze feieren. Also eng keier ronderem Holland sou ongefeier. Amfong sollten mer zu 4 sinn, mee sinn schlussendlech awer nemmen zu 2 gaangen an den plang waar fiir an enger keier duerch ze seegelen. Freides moies hun mer um 8 den Zuch zu Delft geholl an no nach 2 Zich an 3 Bussen waren mer um Honhannen unkomm. Schnell nach eppes ziessen an ze drenken kaaf, boot voll getankt an fort waren mer. Oder sou gudd wei, well fiir d'eischt hun mer nach zu Koornwederzand duerch d'Schleiss missen. No bessen waarden well vill Traffik waar, war en un eis, an der Schleiss nach bessen Small-Talk mat den Nooperen dei sech gewonnert hun firwaat mir den Spi prepareiert hun... (et waren 5kn Wand).
Dunn ass et lass gaangen, aus der Schleiss Spi gesaat an Richtung den Helder teschent de Waddeninselen duerch. Nach bessen Besuch vun puer Seihenn kritt an mir hun gehofft dass mer nach just mat der Streimung giffen bis op den Helder kommen... mee leider huet daat net ganz geklappt. Teschenduerch puer empannagen gemaach, dei och zu nemmen 2 ganz gudd waren an geint 6 Auer owes sinn mer op der Nordsei gewierscht an ass kuerz Box an den T-Shirt mol geint eppes mei warmes gewiesselt ginn. Virdrun waar alles zimlech heich reachen an mir konnten lo aaafffaaaalen (insider). Mir hun eppes klenges giess an eis op eng laang Nuecht viirbereed.
Mir sinn zimlech gudd virun komm an geint 1 Auer waren mer op der heicht vun Ijmuiden (Hafenagang fiir op Amsterdam). Hei huet eet ungefang mei spannend ze ginn, well do vill Cargo-Traffik ass an een dei net emmer gudd gesait mat den Luuchten vun Land. Harbour-Control huet dei ganzen Zait en Fescherboot geruff dass en Scheff giff erausfueren, bis mir op een mol erausfonnt hun dass mir daat Fescherboot waren.... Schnell Schnell den Spi erof, Motor un an hannert dem Scheff laanscht. Duerno den Spi rem gezunn, mee den war an der Hektik net gudd erofkomm an mir haaten en klengen Knuet fabrizeiert. Also Spi erem erof probeieren, Knuet eraushuelen an rem rop.... mee den Knuet war nach emmer net raus.... an nach eng keier.
Dunn ass et mol Zait ginn fiir en klengen Power-Nap. Mir hun eis oofgewiesseld an sou kruut jiddfereen 3 mol 15min Schloof. Et waar och zimlech spannend do alleng mat souvill Luuchten ronderem, Wandmillen (also elektrescher um Mier), Scheffer dei fueren, Scheffer virun Anker dei waarden fiir op Rottderdam (eng 30 Steck), an Boueen huet een mei missen oppassen wei seegelen an den Autopilot waar zimlech praktesch.
Bei Rotterdam ass et nach eng keier ganz flott ginn. Do sinn 2 Kanael fiir eran an 2 fiir eraus, an allen 4 muss een se kraizen. Also mol Rotterdam Harbour Control geruff sie sollen eis soen, wou mer am beschten teschenduerch passen. D'Seegelen hun mer all erof geholl well och keen Wand mei waar an d'Streimung geint eis. RHC huet eis dun duerchgewenkt an eis nach gesoot dass mer net an d'Baggerbebidd fiir den neien Hafen daerfen kommen! Schein.... wann deen net op der Kaart ass! Natiirlech sin mer metten dran gefuer!
Duerno waar et amfong net mei sou interessant. Nemmen nach um Motor bis heem. Mee do waren mer nach net, mir hun nach missen duerch d'Roompotsluis an ennert der Zeelandbreck duerch an dann nach en Steck, mee do ass net mei vill geschitt ausser Sonnen :)
Dem Rens sain Papp ass eis sichen komm an huet eis mat heem geholl fiir nach eppes ziessen an duerno sinn mer mam Zuch rem zereck op Delft. No ongefeier 40 Stonnen op gewierscht ze sinn mat 45 min Schloof waar ech frou an main Bett ze faalen
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire