Gudden Owend,
Dessen Weekend stoung Zuiderzee Regatta um Programm, an zwaar zu Muiden, am suedlechen Deel vum Ijsselmier.
Lass gaangen ass et en Freiden den Moien, mat enger Meteo dei nawell en zolitten Wand viraus gesoot huet, an deen waar och um Rdv.
Um 8 Auer waren mer am Hafen fiir d'Boot op ze takelen an eis fiir ze bereeden.
Am Geigensaatz zu deenen aaneren Regatten am J22, hunn mer bessen Positiounen gewiesselt well mer gemengt hunn dass daat vlait besser funktioneiert. Ech sinn also vum Spi an Genua Trim op Nummer 1 (deen do fiir um Boot ronderem turnt) an Taktick gewiesselt. Daat haat ech an Regatten nach nie gemaach...
Noom weien, waat mer mam optimalen Gewiicht vum 275kg op den maximalen Kilo genau angehaalen hunn sinn mer geint 10 sinn mer aus dem Hafen geseegelt an am Ausgang huet den Wand schon op eis gewaart.
Daat eischt waat mer gemaach hunn, waar mol den Mast op deen Wand anstellen, also Haubanen op Spannung brengen, an zwaar op maximaal Spannung!
Mir hun eis bessen angeseegelt den Spi drop gesaat an eis bessen mat planeieren bei 25 kniet Wand amuseiert.
Um 12 Auer waar dun Start, vun eis eischter en schlechten, mee mir hun eis bis dei eischt Bouee awer an gudd Mettelfeld zereck gekaempft. Dunn ass den Spaass reischt richteg lass gaangen, downwind, also enner Spi bis bei d'Gate, an daat am Wand deen an spetzen mettlerweil 30-35 kniet staark waar. Megaaaa....
Mir hunn do zimlech vill gudd gemaach well dei meescht hiert Boot net mei enner Kontroll haaten an "gebroacht" sinn oder aehnleches. Leider ass eis dunn ennen bei der Bouee en Motorboot entgeint komm waat eis matgedeelt huet dass d'Regatte fiir deen Daag eriwwer wier.... Schued! Mee et waar einfach zevill Wand fiir all Mensch an Securiteit seegelen ze loosen. Um Comite's Boot hunn se spetzen vun 45 kniet gemoos!
En Samsden waar bessen manner Wand ungesoot mee nach emmer genuch, teschent 25 an 30 kniet. Ech well net weider zevill an den Detail goen, well et waar einfach en gudden Daag, daat mescht huet geklappt wei et sollt an zum Schluss, no 4 Manchen waren mer 10t, eng Plaatz virum Weltmeeschter! Yuhu! (Op der Weltmeeschterschaft waren dei eischt 6 Hollaenner, an dei waren och alleguer hei dobai!) an en plus waren mer eischt Boot vun eisem Club, eng kleng Course an der Course.
Haut waar dann bessen manner Wand, 4 Bft, bessen mei maniabel an et geet manner em d'Iwwerliewen mee mei em Taktik an Boatspeed. Deenen eischten Start waar miserabel mee wei sou oft hun mer eis rem bessen zereck gekaempft an sinn am Mettelfeld unkomm. Leider haaten eis Konkurenten aus dem Club, eng gudd Manche an sinn 5t ginn. Eisen Viirsprong waar sou gudd wei fort. Dei zweet Manche waar duerch en groussen Wanddreier gepraegt, deen et no puer minuten ermeiglecht huet direkt op d'Bouee ze fueren. Gott sei Dank haat ech eis op dei richteg sait vum Parcours gelotst an hunn mer dovun profiteiert an sinn als 3t ronderem dei eischt Bouee gaangen. Downwind hunn mer puer Plaatzen verluer , mee am groussen ganzen eng gudd Manche. Dei drett an allerlescht Manche vum Championnat huet gudd ungefaangen, waren rem bei deenen eischten Booter ronderem Bouee an haaten rem eng gudd Shift no lenks, wou mir waren. Mir haaten och genuch Booter teschent eis an dem nexten Boot aus dem Club fiir virun hinnen ze bleiwen, mee leider huet den Wand net daat gemaach waat en sollt. Wei baal dei ganzen Zait sinn mir lenks um Parcours gewierscht, mat all den Favoriten an amfong konnt net vill schief gooen. Mee leider dach, dess keier, huet den Wand net no lenks gedreint, mee eischter no rechts. Daat aanert Boot waar ganz no riets gaangen, well se souwisou hannen waren an geduecht hunn, waat soll et ... no risk, no fun... An sou sinn se just 1 Plaatz hannert eis unkomm an am Overall Resultat 9t ginn an miir 10t, op 1 eenzegen Punkt! Grrr....
Zereck am Hfen an noom kranen waar nach Praisiwwereehung mam traditionellen Schwammen goen, fiir d'Gewenner, an dessem Fall den John den Engelsmann.
Et waar eng gudd Regatte, mat vill Wand, an eist Ziel fiir an Top10 ze kommen hun mer realiseiert, an sinn souguer virum Weltmeeschter, mee leider net 9t....
No engem laangen Weekend mat vill bloen Plaatzen ginn ech lo mol schloofen...
30.8.09
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire