21.8.09

Cowes Week 2009


Well ech een Boot gesiicht hun fiir Fastnet Race ze fueren hun ech mech um Site vum R.O.R.C. angeschriwwen. Bessen drop kruut ech eng mail vun engem Englaenner deen nach Plaatz haat mee virdrun gaer mat mer giff seegelen. Keen P. Also haat ech en Boot fiir Cowes Week an Fastnet.

Donneschdes mettes hun ech mech op den Wee op Le Havre gemaach fiir do d'Faehr op Portsmouth ze huelen. No enger laanger Nuecht ouni vill Schloof op der Faehr waar ech moies geint 6 zu Portsmouth an hunn mech op den Wee Richtung Lymington gemaach, wou d'Boot waar. No ufaenglecher Confusioun mat dem lenksfueren waar ech awer seier do.
Den Skipper waar och schon unkomm an zu menger iwwerraschung waar d'Boot nach net am Waasser mee nach un Land. Et huet nach bessen missen drun geschafft ginn. Nodeems mer puer nei drissen angezunn haaten an boot nach mat Sandpabeier mei glaat gemaach hun konnt et an d'Waasser an sinn mer geint 4 richtung Cowes gemotort. Eng gudd Stonn drop sinn mer an der Shepard's Wharf unkomm an ass et Zait ginn fiir en klengen Beier. Dei eischt leit dei ech do begeint hunn waren Hollaenner vun Farr30 Mummaduck....
No an no ass den rescht vum equipage unkomm an en eischten gudden owend huet ungefang an et ass mer seier kloer ginn dass Cowes mei mat Beier ze dinn huet wei mat Seegelen.
Well d'halschent vun den Leit um Boot bezuelt hunn fiir matzefueren waren mer net ganz competitief, mee mir hun eis awer gudd geschloen.

Deen scheinsten Daag waar densdes, mat wand an spetzen bis zu 35kn. Virun allem den leschten reach mat nemmen booter ronderem een dei broachen (depart au lof, au tas oder wei och emmer een et wellt nennen).

En aaneren flotten moment waar wei mer moies do soutzen kaffi ze drenken an op een mol tonnen fotografen an kameraen laanscht komm sinn dei eng kleng Fra verfollegt hun, d'Sam Davies. Kuerz drop ass och nach d'Ellen McArthur um Velo komm an den Seb Josse zesummen mam Sir Robin Knox-Johnston an Dee Cafari. Sie hun deen daag eng "kleng" Open 60 Manche gefuer.

No der Show vun den "Red Arrow's" an dem oofschleissenden Fredefeier hunn mer den rescht vun eiser Reserve eidel gemaach an sinn Samsdes moies op Hamble gemotort fiir do an Rou d'Boot fiir den Fastnet fiir ze bereeden.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire