
Et ass schon bessen mei laang hier dass ech hei eppes geschriwwen hunn, mee vill ass et och net mei ze Seegelen ginn sait leschtem Wanter.
Nach eng keier kuerz North Sea Regatta 2010 mat enger Plaatz am Mettelfeld an duerno nach Moniteur um Stausei bei der LuxSailingSchool.
Am Ufank vum Summer kruut ech awer eng mail vum Skipper vum boot wou ech am Wanter emmer drop geseegelt sinn, dass hien d'Wiel haat teschent neien Seegelen kaafen oder en neit Boot, an dass et d'Boot ginn ass! An nawell en ordentlecht; en 1 Joer aalen First 40 mat alles drop an drun, Carbon Mast, B&G Hydra 3000 Instrumenter asw... keen Schaiss! Boot kennt aus Daitschland vun engem Yachtbroker deen lescht Joer just zesummen mat Leit vun NorthSails Daitschland domatt gefuer ass an an Deitschland, Dänemark an Schweden zimlech vill gewonn huet.
Lo also ass et un eis :)
Eng eischt kleng Trainingsregatte haaten mer um Grevelingenmeer, an daat direkt bei 30 kniet Wand an der moyenne, enger neier Equipe an ech als Taktiker, waat ech och reischt moies gewuer ginn sinn, mee daat ass lo meng Fest Positioun! Ech stinn also nemmen nach hannen um Boot an kucken op en iPad mat Kaarten asw. hoffentlech geschwenn och nach Instrumenter mee do sinn mer nach um kniwwelen.
No 2 deeg all keiers en Parcours vun +/-20 meilen sinn mer 2 mol zweet ginn, waat fir eng eischt keier ganz an der Rei ass.
2 Wochen duerno ass waar et dann Zait fiir d'AntwerpenRace. Freides moies frei sinn mer an der Marina Port Zélande gestart fiir d'Boot bis op Breskens ze brengen, wou samsdes moies den Start sollt sinn. No engem klengen Steak mat Fritten an en puer Beier ass et mat Zait an d'Bett gaangen well um 6.45 sollt den Wecker eis schon rem wackereg maachen. Schnell kaffi drenken, d; Boot an d'Seegelen prepareieren an um 8 Auer ass et aus dem Hafen erausgaangen.... an den Niwwel. Vill waar net ze gesinn, an nach mat baal 3 kniet Streimung geint eis huet et bessen gedauert bis mer beim Startscheff unkomm sinn.geint halwer 10 ass et bessen opgaangen an konnt dei eischt Grupp gestart ginn an bei eis haat Procedure schon ungefaangen, mee ass se rem oofgebrach ginn well een rem naischt mei gesinn huet. Et ass nach laang sou weider gaangen an dofiir hun mer mol nach eng keier kaffi opgesaat, Musik gelauschtert an wei et no 1 stonn nach emmer net weider gaangen ass sinn mer alt bessen geseegelt an baal eis Seegelen probeiert dei mer mat haaten. Mir waren graad en Steck fort vum Start an haaten den Spi drop wei se op een mol awer 5 min geschoss hunn an mir hun missen seier zereck kommen, soudass mer just beim Startsignal op der Line waren an nach hun missen dreinen fiir an dei richteg Richtung ze fueren. Den Start waar also net ganz optimal an meng Taktik dei ech dei Woch virdrun ausgeschafft haat konnt ech och vergiessen, well mettlerweil d'Streimung gedreint haat, waat awer den Viirdeel haat dass mer se lo bis op Antwerpen mat eis haaten.
Normalerweis fiir een bei Streimung mat an sou deiwem Waasser wei meiglech, well et do mei seier streimt, mee well mer den Start verpennt haaten an lauter Booter eis den Wand geholl hun sinn mer fiir d'eischt mol frei gefuer op eng Sandbänk, fir duerno dei eischt Booter schon rem ze iwwerhuelen an och an d'deift Wasser ze kommen. Un sech ass et drem gaangen fir en ganzen daag Près ze fueren vun Breskens op Antwerpen, well et waar Ost-wand. Et war also dei ganzen Zait oppassen net op enger Sandbänk hänken ze bleiwen an deenen aaneren Booter aus dem Wee ze kommen. Amfong waar den Wand bis an d'halschent ganz gudd, eng uerdentlech 10 kniet, an dann nach Streimung dobai kennt een op sou eng 12-13 kniet, mee op een mol ass en gefall bis op 6-8 an do haaten mer puer Problemer fiir d'Vitesse bei ze behaalen. Wann een d'Boot nach net kennt ass et net emmer einfach ze wessen waat een maachen muss fiir rem op Speed ze kommen. No puer groussen Frachtscheffer aus dem Wee gaangen ze sinn an ronderem d'Bouen der mer hun missen hun, ass et Zait ginn fiir eng keier en klengen Travers, dei eenzeg Oofwisselung deen ganzen Daag, an well net zevill Wand waar hun mer den Code1 drop gesaat, fir nach bessen extra Vitesse eraus ze kreien. Mee et waar leider net viir laang an schon waar rem Près ungesoot. Amfong hun mer deen ganzen Daag en MatchRace mat TeamHeiner, Delft Challenge an Moana gehaat, waat alles Top Teams sinn.

Op der heischt vum Ueleghafen zu Antwerpen war dun op een mol Schluss, d'arrivée waar viirgeluecht ginn well soss keen et mat Zait bis op Antwerpen gepackt haet virun 6 Auer. Op een mol faellt den ganzen Drock oof, geet den Motor un an kommen d'Beieren un Deck. No nach baal 2 Stonnen bei der Schleiss gewaart, gestridden an nach puer Beier gedronk ze hunn waren mer geint 8 endlech am Zentrum vun Antwerpen am Hafen an sinn mer op d'Sich no eppes iessbarem gaangen. Duerno nach op d'Praisiwwereegung an schnell an d'Bett well um 4 ass schon rem dem Wecker gaangen well mer rem duerch d'Schleiss hun missen fir rem zereck op Grevelingenmeer.
Wann lo d'Boot am Wanter fiir d'eischt nach eng keier richteg gewieen an gemoss gett, missten mer och nach en besseren Rating kreien (First 40 gemoos 1.082, mir 1.101) an mat deem Rating waeren mer 4t ginn, sou alt nemmen 9t vun 24, waat net schlecht ass fir dei eischt richteg Regatte geint al d'BigBoys aus der Belge an Holland.
Et war en flotten Weekend an ech hun nach emmer main Sonnenbrell un (Insider)
Fir den Wanter steet lo den GrevelingenCup 1 mol den Mount um Programm an dann am Freijoer vanUden Reco zu Stellendam an North Sea Regatta zu Scheveningen.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire