3.6.09

Delta Lloyd North Sea Regatta - Scheveningen


Dessen Weekend waar wei aal Joer den Pengschtweekend nees d' North Sea Regatta och nach bekannt enner NSR, an desst Joer offiziell Delta Lloyd North Sea Regatta.

Well Scheveningen net weit vun Delft ass sinn mer Donneschdes owes d' Boot sichen gaangen an eis op Scheveningen bei den Kran an d'Rei stellen gaangen. Waerend dem waarden hun mer den Mast drop gesaat, gekuckt op alles riicht giff stoen an all Lengten an Spannungen nogemoos. Geint 10 Auer louch eist Boot, BigLift TUDelft Happy Sky, endlech am Hafen. Dunn ass et schnell heem gaangen fiir mat Zait am Bett ze leien.

Freides Moies waren mer um 10 Auer, bessen frei, am Hafen an hun opgetackelt an gewaard bis mer endlech hun dierfen eraus seegelen. Jo, sou en J22 huet keen motor, all Hafenmanoever ginn also geseegelt. Mee wann een Chance huet kennt iergendwann en greissert Boot mat Motor laanscht waat een dann erausschleeft, well am Hafen net wierklech Wand ass. All d'Booter mussen duerch en Passage vun knapps 12m breed sou daat et bessen Chaos gett wann all Mensch zur selwechter Zait eraus well fueren.

Den Wand waar um Rendez-vous, aus NO-Richtung mat sou engen 15kn an zimlech vill Streimung aus Norden.
Mir waren op enger Bunn, mat den MaxFun 25, Melges 24, Laser SB3 an Yngling. Mir waren 4ten Start an konnten eis also gudd dei eischt Starten vun deenen aaneren Klassen unkucken an wei erwaart, gouf et ausser bei den Melges 24, an all Klass fiir d'eischt mol en General Recall, opwuel Streimung een vun der Line fort gedreckt huet.
Den Comite haat keng loscht daat ganzt an d' Lengt ze zoegeren an huet no engem Recall emmer direkt d' "Black Flag" eraus geholl. Geint 14 Auer waar et dann endlech un ons fiir ze starten.
Et stoungen 3 Ronnen um Programm mat enger Windward Bouee ouni Spreader an engem Leeward Gate. Eisen eischten Start waar ganz an der Rei, mir waren mat Zait op der Line fiir net ze speit ze kommen duerch d'Streimung an sinn gudd fortkomm. Mir soutzen an der Spetzengrupp, mat ennert aanerem engem Weltmeeschter an engem Europameeschter an desser Klass. Den Wee fiir bei d'Bouee waar zimlech laang, weinst der Streimung an mir hun probeiert den ganzen Zait freien Wand ze hunn soudass mer eis vitesse voll konnten ausnotzen.
Mir sinn als 9t em d'Bouee gaangen an den Spi stoung am nu an sinn an Richtung Gate geseegelt. Taktesch waar net vill dran, well Streimung een sou seier matgeholl huet, an iwwert den ganzen Parcours konstant waar, genausou wei den Wand, keng Shiften, an sou ass et puer op d'Vitesse unkomm, oder besser gesoot op d' Pompelen fiir d'Boot op all Well un d'Planeieren ze kreien.
Duerno ass et nach zweemol erop an erof gaangen an mir hun eis Plaatz verdeedegt an no fiir ass waar et ganz enk. Mir sinn schlussendlech no enger Manche vun baal 2,5 Stonnen als 9t iwwert d'Arrivee gefuer. En gudden Ufank. Dei zweet Manche waar zimlech aehnlech, Konditounen haaten sech net geaennert an mir hun eng 10t Plaatz erausgefuer.
En eischten Daag fiir zefridden ze sinn. No engem klengen "Feierowendbeier" am Festzelt ass et heem an d'Bett gaangen.
Samsdes an Sonndes waar bessen manner Wand, em dei 10kn, Konditiounen dei eis (nach) net leien. Bei weineg Wand kennt et vill op d' Schalten un, daat heescht weini Pataras unzeien, Traveller erop oder net an emmer genuch Power haalen viir duerch d'Wellen ze kommen. Daat ass eis net wierklech gelongen an sou sin mer Samsdes just 23t, 15t an nach eng keier 15t ginn. Dei lescht 15t Plaatz huet sech awer nach verschlechtert well een aanert boot gemengt huet sie missten geint eis protesteieren an d'Jury huet hinnen och nach gegleeft. Mir sinn net weinst enger Regeliwwertriedung bestrooft gin mee weinst schlechten "Sens marin", well mer anscheinend ze no op engem Boot getacked sinn, waat en quatsch.... Samsdes owes stoungen mer also als 14t am General.
Sonndes rem dei selwecht Konditiounen wei den Daag viirdrun, merde....
Miir haaten eis awer Gedanken gemaach wei mer besser keinten seegelen an hun eisen System bessen veraennert. D'SuuS huet just nach gesteiert an d'Ecoute vum Groussen Seegelen bedengt an ech hun den Pataras an den Traveller dobai kritt, sou daat hat sech op d'Steieren konnt concentreieren. Dei eischt zwou Manchen huet daat nach net sou ganz geklappt an sinn mer als 19t an 21t iwwert d'Arrivee gefuer. Dei lescht Manche haaten mer anscheinend eisen System fonnt an haaten mer rem genuch Vitesse an Heischt fiir mat der Spetzengrupp mat ze kommen an hunn nach eng 8t Plaatz gemaach. Leider haaten mer nach puer Plaatzen verluer am General an waren nemmen nach 16t, an daat och nach 3 Punkten hannert engem aaneren Boot aus eisem Club, daat kann net sinn...
Gottseidank, waar meindes rem bessen mei Wand an stoungen nach 2 Manchen um Programm an waar et nach meiglech puer Plaatzen gudd ze maachen.
Mat zimlech gudden Starten (no engem General) hun mer eeng 12t Plaatz gemaach an dei lescht Manche ass et dunn richteg spannend ginn.
No rem engem gudden Start (waar daat net eisen Problem soss?) sinn mer bei der Bouee unkomm an haaten op een mol een Boot ouni genau virun eis deem mer hun missen ausweichen fiir op d'Layline ze kommen. Mir haaten schon Kurs op d'Bouee gesaat wei op een mol een 3 biitz sech nach dertescht wollt drecken opwuel 3 booter him geruff haat dass hien keen Overlap haet an also net do huet dierfen eran kommen. Hien huet et awer gemaach an dunn ass et komm wei et huet missen, baaaannnng, 8 mol ass eis sait gerammt ginn. Mir konnten net mei ausweichen well mer och nach en Boot iwwert eis haaten an mat villem Gebrells sin mer ronderem Bouee komm an ass den Spi och iergendwei dropkomm. Mat vill Roserei am Bauch hunn mer Wellen ausgenotzt wei dei mell, an louchen rem mat fiir bei beim Gate.
No fiir ass awer naischt mei gaangen an no hannen haaten mer och en Laach soudass mer "roueg" konnten finishen. Eng 8ten Plaatz, ganz an der Rei.
Wei mettlerweil gewinnt bei Booter dei mam Kran erausgeholl ginn ass dei lescht Manche dei am haartsten emkaempft ass, och wann se net mat zielt. Mee et geet drem ween als eischt beim Kran ass :). Do ass dann groussen Chaos wann 50 Booter alleguer zur selwechter Zait erauswellen.
Waerendeems dass den Doutse an ech d'Boot gekraant an faerdeg fiir den Transport gemaach hunn, waar d'SuuS amgaangen Protestpabeieren auszefellen an ze waarden bis et bei d'Jury konnt. Den Protest waar net fiir nach eng Plaatz no fiir ze kommen, well dei dei eis gerammt hunn, sinn hannert eis unkomm, mee et ass drem gaangen Recht ze kreien, fiir dass d'Assurance daat och wees, sou dass mir net mussen bezuelen. Mir haaten schon Recht kritt bis een Jurymember drop komm ass dass mer keen rouden Faendel haaten (deen haaten mer net fonnt). Also war den Protest onguelteg .... Mee mir kruuten awer en Ziedel mat dass der Regel no miir am Recht waren, alt eppes!
No engem klengen oofschloss Beier beim waarden op d'Praisiwwereegung hunn mer nach puer Kontakter geknaept mat Booter wou mer nach vlait eng Plaatz kennen kreien fiir den Fastnet dest Joer am August.
Mat deenen zwou zimlech gudden Plaatzen den leschten Daag hunn mer nach eng keier vill gudd gemaach an sinn mer souvill wei nach meiglech waar no fiir komm. Schlussendlech sinn mer 11t ginn, mat 24 Punkten Reckstand op Plaatz 10. Mei waar net mei dran.
No villem hin an hir gefuers teschent Scheveningen an Delft, fiir en Auto ze hunn mat Bull fiir Boot ze zeien an duerno rem heem ze kommen waren mer um 9 Auer endlech doheem an zeideg fiir an d'Bett.

En groussen Merci nach un den Comite de Course dei fiir Allgemeng Erheiterung an bei verschiddenen fiir Frust gesuergt hunn, duerch net emmer ganz eenz ze ginn.
Klassenfaendel, Schwaarzen Faendel, P-Faendel an Apercu an enger Keier um Boot haenken ze hunn muss een mol faerdeg brengen :)

Fotoen an video'en sinn ze fannen op dessem Site: www.nsr.nl
Virun allem bei den Videoen den Movie 8 kucken, do sinn mer puer mol drop, daat Boot mat der gielen Genua!

Nexten Weekend steet lo mol en ISAF OPST um Programm, en Offshore Personal Survival Training, wou mer leieren waerten wei een Rettunginselen, Rackeiten an all aaner Secherheetsmettelen richteg gebraucht fiir am Noutfall um Mier ze iwwerliewen.

Next Regatte waert Deltaweek zu Zierikizee sinn den leschten Juni Weekend.

Bis dann,

Nick

27.5.09

Dover Strait Race an Michel Jonette Trophy

Fiir den laangen Weekend vun Christihimmelfahrt ass et mol rem Zait ginn fiir mat aaneren Leit ze fueren. Den David vun der Folieuse haat mech gefroot op ech net op engem First 31.7 weilt mat bis an England. Natiirlech well ech.
Sou sinn ech dann Donneschdes moies um 4 auer zu Delft fortgefuer fiir op Oostende. D'Boot wou ech mat gefuer sinn waar den "Javelin" deen do schon loung ze waarden. Nodeems alles prepareiert waar ass et dun lass gaangen an Richtung Ramsgate. Dei meescht sinn laanscht Kuest bis baal op Dunkerque gefuer, mee eisen Navigator wollt direkt mei op d'Mier. (kompaskurs richtung Ramsgate waar 270, an dem wand sain iwweregens och :( ) Miir hun mat 10kniet Wand ungefaangen mee lues an lues ass deen weggefall bis op 2 kniet an ass et drem gaangen den Wand ze fannen. Owes geint 9 Auer (englesch zait) sinn mer endlech zu Ramsgate unkomm an wei sech erausgestallt huet waar laanscht Kuest besser, well mir waren just 5t vun 15.
Freides sinn mer 2 "Round the cans" parcoursen zu Ramsgate gefuer mat enger 3ter an enger 4ter Plaatz.
Sonndes ass et dunn rem zereck Richtung Festland gaangen an zwaar op Boulogne sur mer (oder fiir insider an leit dei schon do waren merde).
Mat engem uerdentlechen Wand sinn ganz no laanscht plage Richtung Dover gefuer. Dei Klassen dei virun eis gestart waren haaten mer nach am Bleck an miir hun gesinn dass sie just virun Dover op een mol keen wand mei haaten an do hun miir eis als allereenzegt entscheed fiir vun der Kuest fort ze fueren an do eist Gleck ze probeieren. Daat huet sech ausbezuelt. Mir kruuten ganz frei neien Wand an den Spi ass gesaat ginn an sinn mer an engem ganz heichen Reach laanscht all dei aaner gefuer. Bei der Bouee an der Seperation Zone haaten mer op eis direkt konkurenten baal 2 meilen viirsprong. Duerno waar et Richtung Cap Griz Nez, do hun mer nach missen eng bouee huelen. Den Problem waar awer dass den Wand liicht gedreint an ganz oofgeholl hiet an den Courant mat 3 kniet geint eis waar. Miir hun schnell den Anker geheit fiir net all zevill weg ze dreiwen. No puer minuten waar rem wand an konnten mer mat engem knuet iwwer Gronnn an richtung bouee seegelen. Duerno waar et Richtung Boulogne an finish. Hei waar d' Kust dei bescht Optioun well do bessen manner Streimung war. Zu Boulogne sinn miir als eischt aus eiser Klass iwwer d' Line komm. Op Rating ass et leider net ganz duergaangen, et hun 10 sekonnen gefeelt. Mee allenguer Manchen vun dem Weekend zesummen gezielt sinn mer awer eischt ginn am IRC2 Feld. Um 23 Auer ass en dunn mat engem klengen Stop zu Dunkerque rem Richtung Ostende gaangen an duerno nach mam Auto bis op Delft an louch ech reicht um 3.30 am Bett.
Waar rem en laangen Weekend!
Fotoen aus dem Helikopter vum Start zu Oostende

Dessen Weekend geet et lo mol rem op den J22, an zwaar bei der Delta Lloyd North Sea Reagatta zu Scheveningen. Do geet et mam J22 fiir d' eischt keier op d'Mier. Gett bestemmt och gudd!

Spring Cup

No der vanUden Reco waren mer natiirlech motiveiert fiir rem gudd ze fueren, well mer amfong zwou 3t Plaatzen erausgefuer haaten an och schon eng 2t um Warming-Up, waat eis bestaetegt huet dass wann mer eis concentreieren an uerdentlech Starten dass mer ganz fiir dobai kennen sinn.
Daat waar dann och den Plang fiir den Spring Cup zu Medemblik. Leider duerch puer streidereien an messverstaendnisser am Club, waar op een mol eist boot fort fiir den Weekend, an daat kruuten mer 2 Deeg virdrun ze heieren, immens. Den Doutse haat awer schnell en aannert Boot geregelt, mee leider an enger aanerer Klass, et waar en FF65. Mir kruuten d'Boot vum Designer selwer mat well deen keng Zait haat. Mee fiir d' eischt hun mer d'Boot nach missen vun Amsterdam op Medemblik seegelen. Daat heescht Freides moies frei op stoen an mat Zuch an Bus bis bei d'Boot an dann 30 Meilen bis op Medemblik. Deen ganzen Daag waar weineg Wand an vill Reen, sou dass mer um Enn vum Daag frou waren wou mer unkomm waren. Den viirdeel vun dem heiten Boot waar awer dass mer dorop och konnten schloofen. Also hun mer eis angeriicht an sinn dunn awer mol schnell bis an en Restaurant eppes iessen gaangen. Dei waren net ganz frou wou se eis gesinn hunn, well mer nach an zoppnaasser Seegeltenue do eran getrollt sinn well et nach emmer gereent huet wei sau an mer souwisou naas gin wieren um wee fiir bei den Restaurant. Mir kruuten dan och direkt eng Remarque gemaach vun engem aroganten Typ wei mer eis vun eisen naasen Toppen an Boxen befreit hun, dass en Restaurant keen Vestiaire waer... mee bon :)
Duerno sinn mer zereck op d'Boot gaangen an haat SuuS eng Iwwerraschung fiir eis. Hat haat sain campinggas matgeholl, kaffi, schlagsahn an eng Flesch Whisky! Flott sou en Irish-Coffee am Bett.

Moies mat Zait opgestaan an Boot faerdeg gemaach fiir d'Regate. Dunn ass et op d'Waasser gaangen an eiser klass waren 7 Booter dobai, net immens vill, mee awer 2 aaner zimlech gudder, ennert aanerem den Gideon Messink deen, schon Whitbread an America's Cup Erfahrung huet an Team Delft Challenge daat Joer virdrun nach traineiert huet.
3 Manchen den Daag waren geplangt an sinn och gefuer ginn. Et huet immens gudd ungefaangen mat direkt enger 1ter Plaatz. Sou konnt et weidergoen. Ass et awer net graad, well dei 2 aaner Manchen vum Daag sinn mer 3t ginn an stoungen noom eischten Daag mat glaichstand zu 2 op der eischter Plaatz.
Den Daag drop waar nach mei Wand 5-6Bft an sinn rem 3 Manchen gefuer ginn. Mam Gideon Messink haaten mer dei 3 Manchen ganz knapps entscheedungen op der Zielline, nie mei wei eng Bootlengt, mee mat 2 mol enger eischter Plaatz fiir eis. Mir haaten gewonnen!!! Haetten mer nemmen op eisem J22 kennen matfueren sou wei mir an Form waren, well dei dei eis Boot haaten waren net gudd ennerwee.
Praisiwwerreegung konnten mer leider net mei oofwaarden well d'Boot huet missen zereck op d'Ketelmeer, eng keier ganz Ijsselmier eriwwer. Mat nach puer gudden Schlueden ennerwee an baal den ganzen Wee en scheinen Spi-reach sinn mer um Enn vum Owend vum Wand am Stach geloos ginn soudass mer dei lescht Stonn den motor hun missen auspaaken an et op der leschter Dreps an den Hafen gepackt hunn. Den P waar awer dass miir um honn hannen vun Holland waren an net wossten op mer nach en Zuch zereck op Delft giffen kreien. Gottseidank waren em Doutse seng Elteren do an hun eis op Zwolle op d'Gare gefeiert, mee op mer giffen en Zuch kreien wossten mer nach emmer net. Et waar just gudd gaangen, miir kruuten den leschten zuch um 23.15 an waren schlussendlech um halwer 3 zu Delft. En laaaangen Weekend mee bei deem Resultat ganz flott :)

VanUden Reco Stellendam

Noom Spi Ouest haaten mer dan och mol rem Zait fiir en ganzen Weekend ze traineieren um J22.
Et ass virun allem em Boathandling gaangen, daat heescht ween mescht weini waat.
D'SuuS ass Steiermann an mecht glaichzaiteg Grousst Seegel, den Douste ass Nummer 1 an ploot sech mam Tangon ronderem an ech sin Spi - an Genua-Trimmer.
Well et en klengt Boot ass mat net all zevill Gewiicht am Kiel kennt et vill op Gewiichtverdeelung un bei Virementen oder z.B. beim Bare-away. Mir hun also och Roll-Tack'en traineiert an nach 2 Stonnen laang verschidden Spi-set'en an drop'en.

Den 25ten an 26ten Abrell waar dan vanUden Reco Reagte zu Stellendam.
Hei waren am ganzen 21 j22'en um Start an deen eischten Daag konnten 4 Manchen gefuer ginn.
Et huet rem bessen mei schweier ungefaang mat enger 12ter an 15ter Plaatz, mee dunn waren mer waarm gefuer an ass et lass gaangen :)
Dei 3t Manche haaten mer en gudden Start an konnten eis eegen Regate fueren an Tactique sou maachen wei miir daat wollten. Bei engem ordentlechen Wand ass och eng ordentlech 3t Plaatz erauskomm. Dei 4t Manche haat och gudd ungefaangen. Um startboot stoung dass mer Parcours 2 missten fueren, keen Problem. Bei der eischter Bouee dunn ass et awer bessen mei komesch ginn, d' halschent vun der Flotte ass zereck bei Pin-End Bouee gefuer an dei aaner halschent bei d'Spreader, hmmmm???!!! Gudd, mir waren eis secher dass Parcours 2 unginn war an sinn deen och gefuer an als 3t unkomm. Dunn waar den Daag gelaaf an sinn mer am Hafen en klengen Fraibeier drenken gaangen. Bei den comptoirsgespreicher huet sech dun awer rausgestallt dass den comite en Fehler gemaach haat an den parcours nach waerend der Startprocedure geaennert huet an dofiir huet dei Manche net mat gezielt. Eng 3t Plaatz futti.

Sonndes dun waar keen Wand an mir hun schon missen vum Startscheff aus dem Hafen geschleeft ginn fiir dan iergendwou ze ankeren an op Wand ze waarden. Wei dunn bis 3kniet wand do waren hun se gemengt se missten starten, mee daat ass bessen loterie gin, privat-riseen an shiften vun 90 graad, ganz flott. Mir hun eng schein 2t lescht Plaatz erausgefuer, gudd dass mer net Lotto gespillt hun! Dun waar den Daag och schon eriwwer an sinn mer zereck op Hellevoetsluis geseegelt fiir d'Boot aus dem Waasser ze kranen an prett ze maan fiir den Transport.
Schlussendlech waar awer nach eng 13t Plaatz am General erauskomm, mee daat waer mat der 3ter plaatz dobai an puer plaatzen besser an der leschter manche wahrscheinlech nach duer gaangen fiir Top10.

Spi Ouest-France 2009

No 2 Wochen net geseegelt ze hun ass et dun Zait ginn fiir den Ouschterweekend an d'Bretagne ze fueren, mei genau op La Trinite sur mer, fiir eent vun deenen greissten Seegeleevenementer an Europa. Desst Joer waren zwar "nemmen" 400 Booter um Start (et ass Kriis), mee daat sinn der jo emmer nach genuch.
D'Boot wou ech drop gefuer sinn waar d' " la Folieuse" eng Sun Legend 41 geskippert vum David Gelhausen, mat deenen ech och schon Breskens Weekend an Light Vessel 2008 gesseegelt hun.
Mir waren an IRC3 angedeelt um Rond C. No engem eischten Trainingsmoien bei iwwer 25 kniet wand, sin mer rem schnell an den Hafen gefuer fiir net virun der Regate schon alles futti ze maachen. Den ganzen Weekend waar et plus ou moins sou dass moies weineg Wand waar, 5-10 kniet, deen mettes dann bis op 15 bis 20 kniet zougeholl huet. Gudd sinn mer net gefuer, loosen mer et mol dobai, mee et waar awer en flotten Weekend an der Bretagne.

Eischten Training an eischt Regate

Nodeems Team Il Solar also gegrennt waar, ass et Zait ginn fiir een eischten Trainingsweekend.
Den Weekend waar vun Broach organiseiert an et waren also dei 3 J22 um Waasser, mei genau um Haringvliet zu Hellevoetsluis.
Well d'SuuS an den Doutse hun Training daerfen ginn, konnten mer net zu 3 zesummen fueren, sou ass et dann komm dass mer just Sonndesmettes eng Stonn zesummen gefuer sinn fir eisen Boathandling alt en bessen am Greff ze hun. Daat alles bei engem uerdentlechen Wand aus Sud-West vun 5 Bft. Fiir eng eischt Sortie waar daat ganz an der rei, och wann mer schon all mitt waren no 2 Deeg Training.

Den Weekend drop (28+29ten Maerz) waar et dann souwait. Eis eischt Regate zesummen.
Dei 2 Deeg haaten mer em dei 4 bis 5 Bft deen zimlech Shifty waar, waat Tactique beschen komplizeiert gemaach huet.
Deen eischten Daag huet net sou gudd ungefangen, mir waren iergendwou an den mettleren 20er (vun 35) dei eischt 2 Manchen. Duerno huet den Wand zougeholl an haaten mir en klengen viirdel well mer just 10 kilo ennert dem maximaal Gewiicht leien (275kg). (et daerf een iwweregens zu 3 oder 4 fueren, muss een just ennert 275 bleiwen)
Sou konnten miir boot schein platt haalen an eis nach zweemol bei em dei 13 an reihen.
Den zweeten Daag huet sou ungefang wei den eischten opgehaal huet an mir hun 2 manchen rem em dei 13t plaatz gefuer. dei 7t Manche waar dunn nawell ganz gudd gaangen an sinn mer 2t ginn, fiir dann dei lescht och rem richteg oofzekacken an 28t oder sou eppes ze ginn.(Ech fannen d'Resultater am Moment net zereck :( )
Zum Schluss waren mer dun awer 14t vun 35 waat fiir eng eischt Regate ouni Training guer net sou schlecht waar.
Waat mer gemierkt hun waar dass en ordentlechen Start immens wichteg ass, well een dann seng eegen Regate kann fueren an bessen maachen waat en well, mee wann een schon 2t oder 3t Rei start kann een just op dei aaner Reageieren an leit een oft am Oofwand vun deenen aaneren.

Eischten Blog-eintrag

Salut,
ech hun geduecht ech giff dann och mol en Blog unfaenken, engersaits fiir dei puer dei et vlait interesseiert waat ech sou um Waasser dreiwen an aannerersaits als kleng Gedaechnisstuetz fiir mech, daat ech mech an puer Joer och nach drun kann erenneren waat ech sou gemaach hunn.

Ech sinn jo schon emmer bessen gessegelt um Stau, an der Vakanz um Mier mat Kollegen an bessen Wanterregatten an Holland.
Doniewend waar ech dei lescht 2 Joer Shore/Team Manager vum Team Delft Challenge an sinn dei 2 Joer un Land mat um Tour de France a la Voile gewierscht fiir do alles ze organiseieren an ze iwwersetzen.

Desst Joer waar den Plang fiir nach eng keier mat ze goen, mee no puer internen Meenungsverschiddenheeten am Februar huet dei "aal Garde" opgehaal an ass et Zait fiir eppes neies ginn.
Sou ass et dann komm dass schon den Daag drop ech vum Suzanne an vum Doutse (Skipper/Barreur resp. Groussegeltrimmer) gefroot ginn sinn op ech net mat hinnen een J22 Team weilt formen. Ech hun net all ze laang missen nodenken an schon waar Team Il Solar gegrennt. Spetznumm Doutse: Il Duce , Spetznumm Suzanne: SuuS an main Spetznumm an Holland: Polar. Wann een dann do bessen ronderem spillt kennt een alt op Il Solar.

En Boot haaten mer och schon well mer allen 3 Member sinn beim Studenten-Regatten-Seegelclub Broach. Broach huet 3 J22'en, 2 Dart 16 an neierdengs och nach 2 Laser'en.

Souvill zur Viirgeschicht.